Journée internationale de la femme (08.03.2022)

D’Gläichheetskommissioun vun der Péitenger Gemeng well am Kader vum Weltfraendag en Zeeche setzen an enger méi gerechter Opdeelung vun Aufgaben tëscht Fraen a Männer an alle Beräicher vum Liewen, Modeller identifizéieren, déi zu méi Chancëgläichheet féieren.

Fir sech an engem Gebitt ze behaapte wou Männer dominéieren, brauch eng Fra vill Selbstvertrauen. Déi Fraen, déi am Aarbechtsliewe stinn, sinn oft ënner Drock well se musse beweisen, fir respektéiert ze ginn, datt se op d’mannst esou gutt si wéi hir männlech Kolleegen.

Dëse Projet soll engersäits bestëmmten Attitudë vu jonke Meedercher an hiren Elteren änneren, wéi och nei Méiglechkeete virschloen an och bäidroen, déi bestoend Barrièren ze läschen.

D’Verschwanne vun der Kompartimentéierung aus der Beruffswelt ass e wichtegen Aspekt vun der Geschlechtergläichheetspolitik.

D’Chance vu gläiche Loun- an Aarbechtsbedéngungen, déi mam Familljeliewe kompatibel sinn, ginn ëmsou méi grouss, wann am betraffene Beruffsfeld souwuel Frae wéi och Männer schaffen.

Hei kënnt dir Frae mat verschidde Profiller entdecken, bezüglech hir Ausbildung, Beruff, Sport, Erfarung an Alter. Jiddereen erzielt seng eege Geschicht.

 

Dernière modification le 09/03/2022

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal