Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées ou vendues
sans l’autorisation préalable de l’administration communale de Pétange
14.01.2025
Neijoerswënsch an der Seniorie St Joseph
Pétange
© Commune de Pétange
Wéi all Joer em dës Zäit, ass de Buergermeeschter mat de Schäffen op Besuch an der Seniorie St Joseph gewiescht fir de Leit do e schéint neit Joer ze wënschen.
Gläichzäiteg ass och op en 90. Gebuertsdag geprost ginn.
1.01.2025
Cyclocross 2025
Pétange
© Commune de Pétange / Val Wagner
Zu Péiteng huet – an dat ass schonn eng laangjähreg Traditioun – de 77. Internationalen Cyclo-Cross stattfonnt. Um Hierschtbierg goung et duerch d’Bëscher, wou de Buedem dann och nawell zimmlech rutscheg war. Deementspriechend hunn d’Coureuren an d’Vëloen ausgesinn.
Vun 1 Auer nomëttes u sinn noeneen d’Juniore vun de Männer, duerno d’Dammen an zum Schluss d’Hären op de Parcours geschéckt ginn. An d’Resultater op Lëtzebuerger Säit hunn sech kucke gelooss.
Bei de Nowuess-Fuerer, den Debutanten, ass de Lëtzebuerger Tunn Sinner, an enger Zäit vun 30 Minutten an 9 Sekonnen, als Éischten iwwer d’Arrivée gefuer.
Bei de Juniore war et de Lëtzebuerger Lennox Papi deen d’Course konnt gewannen, dëst an enger Zäit vun 38 Minutten a 4 Sekonnen. Dat viru sengem Compatriot, dem Jonah Flammang-Lies an dem Miel Oreel aus der Belsch.
Bei den Dammen huet sech Xaydee Van Sinaey aus der Belsch an 42 Minutten an 33 Sekonnen duerchgesat, dat virum Larissa Hartog aus Holland an dem Marlène Petitgirard aus Frankräich.
De Lander Loocks aus der Belsch stoung du bei de Männer ganz uewen um Podium, dëst no enger Course vun enger Stonn, 1 Minutt an 8 Sekonnen, an dat virum Joshua Dubau aus Frankräich an dem Däitsche-Landesmeeschter Marcel Meisen.